Coding, oder méi richteg gesot: "Computational Thinking", ass eng Aart a Weis fir probleemléisenden Unterrecht ze halen. Domat ass Computational Thinking näischt Neies. Vill Enseignanten hunn dat scho laang mat an hiren Unterrecht mat agebonnen. Dobäi kann een oft op déi numeresch Medien zeréckgräifen, wëll déi sech oft ubidden, wann een am problemléisenden a selwer-gestaltenden Unterrecht ass.
Ab September 2020 ginn dës Kompetenzen an de Lëtzebuerger Schoulen gefërdert: Schüler léieren ze verstoen wéi digital Geräter iwwerleeën an si üben Handlungsuweisungen fir digital Geräter, also Algorithmen, selwer opzestellen.
Et ginn 8 Kompetenzen, déi am Computational Thinking benotzt, geléiert a gefërdert ginn:
Mustererkennung
Reegelméissegkeeten a Widderhuelungen a komplexe Probleemer erkennen |
Verallgemengerung
Gemeinsamkeeten identifizéieren an doraus en allgemeng Konzept erstellen |
Zerleeung
komplex Probleemer an e puer méi kleng verständlech Aufgaben opdeelen |
Abstraktioun
wichteg Detailer erkennen, onnéideg Elementer ewechloossen |
Algorithmus
eendeiteg Handlungsschrëtt, eendeitege Wee |
Iteratioun
gläich oder änlech Handlungen erkennen an Widderhuelungen astellen |
Debugging
Léisungsduerchféierung mat direkten Auswierkungen op dat eegent Denken |
Evaluatioun
Iwwerpréiwen vun de Strategien an der Léisung |
Méi Detailer iwwer de Coding, dat ganzt Konzept, d'Material wat ee benotze kann, souwéi vill Beispiller fannt Dir op www.educoding.lu.